top of page

Heemelsdéiercher ass e Kanner- a Jugendchouer am Quartier vum Lampertsbierg deen 1985 vun der Madamm Andrée Schartz gegrënnt ginn ass.

Ronderëm d'Dirigentin vun deemools huet sech e Comité vu Benevole gebilt an esou sinn d'Heemelsdéiercher  haut eng a.s.b.l.* déi der U.G.D.A.** ënnerläit. 

Mir schaffen a gudder Zesummenaarbecht mat der Grondschoul vum Lampertsbierg (Tramsschapp a Batty Weber) an der U.G.D.A..

* association sans but lucratif

** Union Grand-Duc Adolphe

joyeuses fêtes.png

D'Heemelsdéiercher hunn e Bam geplanzt.

#Bamchallenge

NEWS

heemelsdéierchen logo.png

Informatiounen

D'Aschreiwunge fir de follgende Concert sinn op:

"Rencontre d'hiver" (C.2-4) 

​​​​​

Mellt iech un fir matzesangen.

Prouwen 

Ab dem 7. Januar fänken d'Prouwen vum C.1.1. un.

 

Wéinst der héiger Unzuel u Kanner, ginn d'Prouwen an A/B-Gruppen organiséiert.

 

Dir kënnt de Prouwplang an der Rubrik "eis Prouwen" kucken.

Heemelsdéiercher in concert

17.12.2025:

D'Heemelsdéiercher (C.2-4) sangen an der Batty Weber Schoul ("Rencontre d'hiver")

2.2. 2026:

D'Heemelsdéiercher sange fir Liichtmëssdag (C.1-4)

 

We need you!

Du kenns dech an Tountechnik aus?

Du wäers bereet eis bei eise Concerten ze ënnerstëtzen?

Da mell dech bei eis!

heemelsdeiercher@gmail.com

Nächst Evenementer

Kommt op eis Concert'en a verbréngt e flotte musikalesche Moment mat eis! 

Mir freen eis op iech!

Kontakt

Ecole fondamentale Limpertsberg (Gebai Batty Weber) (Zyklen 2-4)

Ecole fondamentale Limpertsberg (Gebai Alen Tramsschapp (Zyklus 1)

bottom of page