
Macht mat!
Jidderee kann eis Ekipp ënnerstëtzen!
Mir sinn eng kleng a.s.b.l. an hei fannt dir e puer Weeër wéi dir eis kënnt ënnerstëtzen:
Ënnerstëtzt de Kommitee !
De Kommitee ass ëmmer op der Sich no verstoppten Talenter a spezielle Profiller fir him ze hëllefen, sief et punktuell wärend de Concerten (T-Shirten ausdeelen, Kuch baken, etc.) oder op méi laang Dauer, andeems een dem Kommitee bäitrëtt. Wann dir interesséiert sidd, schéckt eis är Kandidatur mat ärem Profil an enger klenger Erklärung wat iech motivéiert bei eis mat ze maachen.
Sidd present a verbréngt flott Momenter mat eis!
Kommt mat sangen oder kommt op eis Concerten. Drot zu engem schéine Moment bäi, bréngt gutt Laun mat a vill Leit mat déi de Kanner kënnen nolauschteren an hier Aarbecht schätzen. Mir freeën eis drop iech kennen ze léieren.
Gidd Member !
Dir kënnt Member vun eiser a.s.b.l. ginn an eis esou erlaben eis Aktivitéite weider ze féieren. Näischt ass méi einfach wéi dat: dir kënnt eis mat engem Don op de CCPL Kont LU 86 1111 1110 5991 0000 ënnerstëtzen.
Villmools Merci am Viraus fir är Sympathie an är Ënnerstëtzung!

