
Eis Approche
Eis Approche ass einfach: Freed iwwermëttelen beim an duerch d'Sangen.
Musikalesch Virkenntnesser brauch een keng, just Motivatioun a gutt Laun.
All Kand ass wëllkomm a wäert schnell seng Plaz an eise verschiddene Gruppe fannen.
All Grupp bitt en adaptéieren Repertoire fir d'Altersgrupp vun de Kanner un: d'Kanner kréien d'Méiglechkeet Rhythmus a Musek ze entdecken, Lidder vun de verschiddenste Plazen vun der Welt ze léieren an hier éischt Bühnenerfahrungen ze maachen.
D'Concerten sinn e wichtege Moment am Parcours vun de jonke Sänger: et ass eng gutt Geleeënheet ze weisen wat een geléiert huet a bei de Concerten vun den Heemelsdéiercher kann een de Kanner am Gesiicht ofgesinn wéi frou an houfreg si sinn.
An dat ass eis gréisste Freed!
Eis Zieler
Eis éischt Ziel ass et ons Freed un der Musek mat de Kanner ze deelen. Mir wëllen si op d’Kultur an d’Konscht opmierksam maachen, hinnen eng Méiglechkeet bidden dës mat ze erliewen an sech aktiv drun ze bedeelegen.
D’Sangen ass en einfacht Mëttel fir d’Ouer ze trainéieren, de Sënn fir Rhythmus ze fërderen, mee och fir ze léieren ze lauschteren: sech selwer an och déi aner.
​
Onse Repertoire dréit dozou bäi déi lëtzebuergesch Sprooch oprecht ze erhalen an de Kanner verschidde Lëtzebuerger Bräich méi no ze bréngen, wéi z.B. Liichtmëssdag oder Niklosdag. Mee de Fokus läit net nëmmen op Lëtzebuerg, och d’Sange vu Lidder aus aller Welt setzen d’Kanner a Kontakt mat anere Sproochen an anere Kulturen, wat dozou bäidréit e gewëssene Respekt vum Aneren, vu senger Kultur a vu sengen Differenzen ze léieren.
​​
Deel vun enger Chorale ze sinn heescht och léieren am Grupp ze funktionéieren an eng Gemeinschaft ze sinn, dëst mat der néideger Dosis un Disziplin.
​
D’Erléiere vun de Lidder verlaangt e gesonden Éiergäiz, Konzentratioun an d'Sangen an der Chorale fërdert eng gutt Aussproch an Artikulatioun.
​
An enger Chorale sangen heescht och u Concerten deel ze huelen. Do léiert all Kand iwwert säin eegene Schied ze sprangen, sech dem Publikum ze präsentéieren, sech auszedrécken an sou säi Selbstvertrauen ze stäerken.
Sangen an der Chorale ass ausserdeem eng flott Alternative zu all där mediatiséierter Kultur mat där d’Kanner vun Haut a Kontakt sinn. Sangen erméiglecht et hinnen ze entdecken wéi flott et ka sinn senger eegener Kreativitéit fräie Laf ze loossen a seng Gefiller duerch Sangen ausdrécken ze kënnen.


_edited_edited.jpg)









