top of page
heemelsdéierchen logo.png

Eis Prouwen

​

​

D' Prouwe vun den Heemelsdéiercher sinn an dräi Gruppen opgedeelt:

​

Mëttwochs vun 16:00 - 17:00 fir d'Zyklen 1.1 & 1.2 mam Maryse 

​​

​

​

​

​

​

​

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

Méindes vun 16:10 - 17:10 fir d'Zyklen 2.1-4.2 mam Daniel

Mëttwochs vun 16:10 - 17:10 fir d'Zyklen 2.1 - 4.2 mam Lynn

​

Wou?

Zyklen 1.1 & 1.2:

Ecole fondamentale Limpertsberg

Bâtiment Alen Tramsschapp

59, avenue Victor Hugo

L-1750 Luxembourg

​

Zyklen 2.1 - 4.2:

Ecole fondamentale Limpertsberg

Bâtiment Batty Weber

1, rue Batty Weber

L-2716 Luxembourg

​

Ab dem 7.1. fänken d'Prouwe fir de C.1.1. un.

​

D'Prouwen an A/B-Gruppe si wéi follgend organiséiert:

 

Grupp A:

(Klasse Blumm, Maulef, Päiperlék, Bam)

​

14 Jan; 28 Jan; 11 Feb; 4 Mär; 18 Mär;

15 Abr; 29 Abr; 13 Mee; 3 Jun; 17 Jun; 1 Jul 

​

​

Grupp B:

(Klasse Reebou, Zebra, Wollef)

​

21 Jan; 4 Feb; 25 Feb; 11 Mär; 25 Mär

22 Abr; 6 Mee; 20 Mee; 10 Jun; 24 Jun; 8 Jul

​

Image de Kati Hoehl

Eis Prouwen

D'Heemelsdéiercher prouwen an dräi verschiddene Gruppen:

 

Beim Maryse kënnen d'Kanner vun den Zyklen 1.1 an 1.2 hier éischt Erfahrungen mam Sangen maachen an hier Freed un der Musék entdecken an ausliewen, dest mat Lidder souwuel op letzebuergesch wéi op villen aanere Sproochen.

​​​

Beim Daniel kënnen d'Kanner vun den Zyklen 2.1-4.2 prouwen an e vilfältege Repertoire a ville verschiddene Sprooche léieren.

​​​

Beim Lynn kënnen och d'Kanner vun den Zyklen 2.1 - 4.2 prouwen. De Repertoire baséiert haaptsächlech op de groussen Hits vun de läschten 100 Joër

(Pop, Rock, chanson française, etc.) 

​

D'Prouwe vun deenen zwee Gruppe fir d'Zyklen 2.1 - 4.2 fannen an der Batty Weber Schoul statt.

Paix mondiale

Charta vun den Heemelsdéiercher

Fir e gudden Oflaf vun de Prouwen an de Concerten ze garantéieren ass et wichteg, dass all Kand, a seng Elteren, sech u verschidde Reegelen halen: 

  • D'Auerzäiten vun de Prouwen respektéieren. Fir dass de Grupp gutt zesumme ka funktionéieren, gëtt jidderee gefrot pünktlech op d'Prouwen ze kommen. D'Elteren engagéieren sech fir hier Kanner no der Prouf mat Zäit ofzehuelen.

  • Sech ofmellen wann een net an d'Prouf komme kann. Mir géingen jiddereen bieden sech opmannst eng Stonn virun der Prouf ofzemellen wann een net un der Prouf deelhuelen kann, dëst no de Modalitéiten déi vum Dirigent festgeluecht ginn.

  • Den Uweisungen vum Dirigent nokommen. Respekt tëscht de Sänger an entgéint dem Dirigent ass e wichtege Bestanddeel vun der Chorale. Nëmmen esou ass et méiglech zesummen d'Freed um Sangen auszeliewen.

  • Bei opmannst engem Concert am Joer matmaachen. Een vun den Zieler vun enger Chorale ass et Concerten ze sangen. Bei dëser Geleeënheet kënnen d'Elteren d'Fortschrëtter vun hire Kanner gesinn an d'Kanner kënne jidderengem ganz houfreg weisen, wat si alles geléiert hunn.

  • D'Aarbecht vun de Sänger an den Dirigenten wärend de Concerten respektéieren. De Concert ass den Héichpunkt vun eiser gemeinsamer Aarbecht an d'Opmierksamkeet vum Publikum ass déi gréisste Motivatioun fir d'Kanner fir hiert Bescht ze ginn. Dofir kommt w.e.g. är Kanner lauschteren an ënnerstëtzen a versuergt iech d'Gespréicher mat de Frënn fir dono bei engem Patt an engem gudde Stéck Kuch fir déi normalerweis bei eise Concerten gesuergt ass. 

 

Am Fall wou des Charta ëfters net respektéiert gëtt, behalen den Dirigent an de Comité vun der Chorale sech d'Recht vir, d'Kand provisoresch oder definitiv aus der Chorale auszeschléissen.

​

Mir soen iech villmools Merci an zielen op eng gutt Zesummenaarbecht! 

bottom of page