top of page

FAQ

D'Äntwerten op är Froen

Image de Sigmund

Kann ech mäi Kand och nach am Laf vum Schouljoer aschreiwen?

Jo!

Dir kënnt äert Kand prinzipiell zu all Moment aschreiwen. A Funktioun vun der Unzuel u Kanner, déi schon ageschriwwe sinn, kann d'Chorale awer eng Aschreiwung während dem Joer aus organisatoresche Grënn refuséieren. De néidege Formulaire fannt dir hei.

Pot de don

Wéi vill kascht et fir mäi Kand am Chouer anzeschreiwen?

D'Aschreiwung vun ärem Kand ass gratis.

Wann dir de Chouer Heemelsdéiercher wëllt ënnerstëtzen, kënnt dir dat awer op vill Aart a Weise maachen.

Kuckt dofir eis Rubrik "Ënnerstëtzt eis"

Villmools Merci!

Boussole

Kann ech mäi Kand och bei den Heemelsdéiercher aschreiwen wann et net um Lampertsbierg an d'Schoul geet oder do wunnt?

Jo!

De Chouer ass eng a.s.b.l. an d'Aschreiwungen sinn op fir all Kand wat wëll sange kommen a seng éischt Erfarunge mat der Musek a mam Rhythmus wëll maachen.

bottom of page